Material
- Keen
Erklärung
Spilloflaf:
All Spiller sinn Atomer, déi sech eenzel a fräi duerch de Raum beweegen, bis de Chef seet, wéi eng Moleküle sech zesummesetze mussen. Z.B.: Bei „Molekül 3!“ mussen d’Spiller sech an 3er-Gruppen zesummen dinn. Déi Spiller, déi iwwreg bleiwen, probéiere sech bei der nächster Geleeënheet ze gruppéieren.
Variatioun:
Amplaz vun Zuele kann een d’Moleküler sech och no Aefaarf, Gebuertsjoer, Liblingsdéier, … gruppéiere loossen.