Eng kuerz Geschicht déi dir gutt gefält, villäicht och eng déi bei Chrëschtdag passt.
E puer selwer gebaakte Kichelcher oder Schockela
En Téisäckelchen
Een Téiliicht,
Faarwen
Erklärung
Frëndschaftstut
(Déi Sandweiler Guiden an Scouten hunn des Tuten um Chrëschtmaart verkaf)
Am Advent oder em Chrëschtdag, wann et dobausse méi fréi däischter gëtt, a wann et doheem an der Stuff schéi gerecht ass, dann hues du villäicht einfach Loscht méi dobannen ze sinn, an et dir mat denger Famill oder engem Frënd oder Frëndin gemittlech ze maachen. Du hues villäicht Loscht op Kichelcher déi’s du selwer gebak hues, oder lies a Rou eng Geschicht.
Hei eng Iddi, wéis du, mat enger „ Frëndschaftstut“ wou selwer gebaakte Kichelcher, eng flott Geschicht, eng Käerz, e Téisäckelchen dra sinn, engem eng Freed kanns maachen.
° Huel eng wäiss Tut aus Pabeier a mol op déi eng Säit mat Faarwen e flott Bild drop.
° Sich dir aus engem Buch eng Geschicht déi dir gutt gefält, maach eng Kopie a pech se dann op e faarwegt DINA4 Blat. A maach se an Tut.
° Du hues villäicht e gutt Rezept fir Kichelcher ze baken oder huel e klengt Stéck Schockela fir an deng Tut.
° Dann lee nach en Téisäckelchen dran.
° Schreif op d’Récksäit vun der Tut folgend Gebrauchsuweisung!!
Huel dir Zäit.
Fänk d’Käerz un.
Maach dir eng Taass Téi.
Lies a Rou d’Geschicht.
Genéiss d’Kichelcher!
D’Versprieche setzt eng konkret Gemeinschaft viraus, déi versprécht, datt deen Eenzelen:
eng Hëllef kritt säi Wee ze fannen a Sënnfroen ze stellen
Vertrauen entgéintbruecht kritt
Aktivitéiten an Erfarunge mécht, déi e weiderbréngen a wou e séng Fähegkeete kann entdecken
gutt Frënn fënnt, wiz et zu flotten a wichtege Gespéicher kënnt, déi hien als Jugendlechen op séngem Wee weiderbréngen
e partizipative Geescht erliewt
Cheftainen a Chef, wéi och Kolleege begéint, déi Zäit hunn, fir op hien ze lauschteren (Baden-Powell: ‘ask the boy, the girl’)
däerf Feeler maachen a versoen
D’Cheféquipe ass Begleeder a Beroder vun deene Jonken. Kee Contrôleur. Wann also opfällt, dass een säi Verspriechen net anhält, da soll de Chef dat uschwätzen. Awerr am Sënn vu “Wéi kann ech dech ënnerstëtze fir dass et besser geet?” “Wat fäéét der schwéier?”
Eng flott Iddi: wann déi nei hiert Versprieche virbereeden, erënneren déi “grouss” sech un hiert Verspriechen a maachen e klenge Bilan vun hirem Verspriechen.
Froen:
Wat huet gutt geklappt vun deem wat ech mir virgeholl hunn?
Wou muss ech nach u mir schaffen?
Als Zeeche vun dësem Bilan kënnen d’CaraPio sech entscheede fir de Badge vun der Wandrous.
Wanns du dech wëlls weiderbréngen, da setz der d’Lat net ze niddreg. Et soll ee sech orientéieren un deem, wat ee gutt kann. D’Zil ass d’Fro “Wou wëll ech mech weiderentwéckelen?”
D’Verspriechen ass e wichtegen Deel vum perséinleche Fortschrëtt. D’Guide / Scoutsmethod hëlleft deene Jonken ob hirem Wee weider ze kommen / sech weider ze entwéckelen.
D’Verspriechen hëlleft deem Jonken derbäi säin Zil ze definéieren.
An all Branche huet dee Jonken d’Méiglechkeet fir e Verspriechen ze maachen, op deem Entwéckelungsstand wou hie grad ass.
All Jonken probéiert säi Bescht ze maachen, je no séngen eegene Méiglechkeeten. Hie versprécht dëst als Mënsch, deen nach an der Entwécklung ass. Och beim Versprieche gëlt “learning by doing”. De Jonken dierf Feeler maachen an sech doduerch weiderentwéckelen.
Wann de Moment do ass, proposéiert d’Cheféquipe de Memberen aus hirer Unitéit fir hiert Verspriechen ze maachen. D’Guide / De Scout entscheed selwer ob hatt / hien dozou bereet ass.