Material
- Keen
Erklärung
Spilloflaf:
Jiddweree steet am Krees. Ee Spiller fänkt un eng Geschicht z’erzielen (Just 2-3 Sätz). Beim leschte Saz hält de Spiller mattendran op an den nächste Spiller muss wieder erzielen.
Ufankssätz:
„Ee Schëff ass ënnergaang an d’Leit sinn op enger einsamer Insel gestrand…“
„Eng Prinzessin ass an engem Tuerm agespaart…“
„Een Elefant ass aus dem Zoo ausgebrach a leeft elo duerch d’Stad…“
Variatioun:
Amplaz vun engem Saz gëtt ëmmer nëmmen ee Wuert gesot