Kaz a Maus

Material

Erklärung

Spilloflaf:

Et ginn zwee Spiller ausgewielt. Déi aner maachen ee Krees zesummen an hale sech bei den Hänn. D’Maus ass an dësem Krees, d’Kaz ass baussen. D’Kaz probéiert lo an de Krees eranzekommen. De Krees probéiert awer d’Kaz net eranzeloossen, andeems se plazeweis méi zesummeréckele wann d’Kaz probéiert, duerch ze kommen.

Variatioun:

Wann et fir d’Kaz ganz schwéier ass, kann een och eng 2. Kaz dobäi huelen oder de Kanner am Krees soen, si dierften net sou no zesummeréckelen, datt sie sech beréieren.

!Opgepasst!

Deemnowéi ‘motiviéiert’ d’Kaz ass, kann et sinn, datt si de Kanner am Krees e bësse wéi deet. Et muss een oppassen, datt si net ze brutal ass. Och muss een oppassen, datt d’Kanner net d’Knéien zesummendrécken, wann d’Kaz de Kapp dertëschent huet.