Material
- Keen
Erklärung
Spilloflaf:
Fir dëst Spill brauche mir eng ongerued Zuel Spiller. Jiddweree steet am Krees an huet een anere Spiller viru sech. Déi, déi vir stinn, sinn d’Hënn, déi aner sinn d’Meeschter. Een ass aleng an huet keen Hond. Hie muss engem vun den aneren Hënn een Aen zoudrécken, fir e bei sech ze lackelen. Den “Hond” kënnt da bei dee gelaf a stellt sech hanner de Blënzler. D’Meeschter kënnen hiren Hond um Fortlafen hënneren, andeems si en ofklappen.
Variatioun:
Amplaz Hond a Meeschter kann een et och Päerd a Reider nennen. “D’Déier” dierf just op 4 Patte lafen.