Hochzäitsnuecht

Material

Erklärung

Spilloflaf:

Een oder e puer Leit ginn erausgeschéckt. Ee vun hinne gëtt virun de Grupp gestallt, entweeder einfach esou oder et kann een him e puer Requisite ginn (Een Dëppen op de Kapp, e Rullo Toilettepabeier an d’Hand, …). Dem Grupp gouf gesot, datt bei allem, wat dee virun hinne mécht a seet, si sech virstelle sollen, datt déi Persoun dat an hirer éischter Hochzäitsnuecht géing man. Wann deen Eenzelnen näischt seet, kann een him och e puer Froe stellen oder hien ustellen, eppes ze erzielen.

Variatioun:

Dat Spill ka just gespillt ginn, wa Leit dobäi sinn, déi et nach net kennen. Et fonktionnéiert am beschte mat Leit, déi vill schwätzen a sech selwer net sou eescht huelen.