Material
Erklärung
Spilloflaf:
D’Spiller stelle sech zu 2 an 2 vis-à-vis an hale sech mat enger Hand um Handgelenk fest. Ouni sech lasszeloossen, probéieren si sech géigesäiteg op den Hënner ze klappen. Wann een et 3 mol gepackt huet, ginn d’Koppelen nei gemëscht.
Variatioun:
Amplaz den Hënner, kann een och een anere Kierperdeel bestëmmen.
!Opgepasst!
Hei muss een oppassen, datt d‘Spiller sech net zevill an d’Spill erasteigeren an ze aggressiv uneneen zéien. Virun allem, wann ee Groussen an ee Klenge géintenee spillen.