Material
Erklärung
Spilloflaf:
All Spiller, bis op een, stinn op enger Säit vum Spillfeld. Deen ee Spiller steet an der Mëtt a rifft: „Englesch Bulldog 1,2,3!“ Dat ass d’Startsignal fir déi aner Spiller, fir eriwwer ze lafen, ouni sech vun der “Bulldog” fänken ze loossen. Gefaangen ass een eréischt, wann den/d’Spiller an der Mëtt een opgehuewen huet/hunn. Wee gefaange gouf, steet och an der Mëtt a muss fänken. Gewonn huet deen, deen als leschten iwwreg bleift.
Variatioun:
Wann engem dat mam Ophiewen ze riskant ass, kann een een och einfach ofklappen.
Fir et méi schwéier ze man, kann ee soen, datt ee bis 5 ziele muss, wann een opgehuewe gëtt, ier een als gefaang gëllt.
!Opgepasst!
Oppassen, datt d’Spiller sech net géigesäiteg wéi doen, wa se opgehuewe solle ginn. Schloen ass natierlech net erlaabt. Je no Terrain besteet Rutschgefor.