Material
Erklärung
Spilloflaf:
Jiddweree steet am Krees a wëll an d’Yucht eran. Deen Éischten seet: „Ech kommen aleng“ a mécht eng Kniebeuge. Déi nächst zwee soe gläichzäiteg: “Mir kommen zu zwee“ a maachen eng Kniebeuge. Déi nächst dräi soen: “Mir kommen zu dräi“ a maachen eng Kniebeuge. Déi véier nächst soen: “Mir kommen zu véier“ a maachen eng Kniebeuge.
Da gëtt ërem bei 1 ugefaang. Wee sech iert, ass eraus an et gëtt ërem bei deem nächste bei 1 ugefaang. Déi, déi raus sinn, dierfe Kaméidi maachen oder falsch matzielen, fir déi aner z’irritéieren.
Variatioun:
Et seet een “Ech GINN aleng”.
Iergendwéi muss ee jo och rëm aus der Yucht eraus kommen…