Material
- Fangerfaarwen
- Eng Toile
Erklärung
Wéi faarweg sinn deng Gedanken?
Du waars bestëmmt schon heiansdo ganz an denge Gedanke verdéift. Du hues villäicht un eppes Schéines, Froues geduecht, du hues dir an denge Gedanken eppes gewënscht oder hues vun eppes Schéines gedreemt, oder et hunn dech Gedanke vun Angscht oder Roserei geplot.
Deng Gedanke gehéieren zu dir a maachen däi Liewe faarweg.
Du kanns deng Gedanken och mat aneren austauschen. Setzt iech zesummen, schwätzt iwwert dat wat iech beweegt a probéiert an engem gemeinsame Bild auszedrécken, wéi faarweg är Gedanken/Gefiller sinn.
Jidderee mécht elo op d‘Toile seng Fangerofdréck an zwar mat deene Faarwen, déi de Moment zu senger Gefillsstëmmung oder zu senge Gedanke passen. Esou entsteet en faarwegt Bild.
Schwätzt iwwert är Faarwen déi der gewielt hutt, wat si fir iech bedeiten, a wéi et iech dobäi ergeet.
Dës Geschicht kann dir villäicht eng Ureegung op Froe ginn déi s du dir stells.
De Gedankesammler
(fräi iwwersat no dem Billerbuch „der Gedankensammler“ vum Monika Feth – Antoni Boratynski)
Baussent der Stad, do wou d’Leit hir Gäert hunn, an der Natur, wunnt en ale Mann. Hien huet en einfacht holzen Haus an hannendrun en grousse Gaart. Keen kennt hien esou richteg, an d’Leit erziele ganz komesch Geschichten iwwert hien.
All moies fréi mécht hien sech mat engem Rucksak op de Wee an d’Stad. Hien huet nämlech en ganz aussergewéinleche Job. Den Här Granzeg, esou nennen Leit hien, sammelt nämlech an der Stad Gedanke vun de Leit. Matt sengem ale Rucksak stellt hien sech bäi d’Haiser a lauschtert. Hien kann nämlech Gedanken héieren. Dann päift hien eng kéier lues an da kommen d’Gedanke vun de Mënsche geflunn. Déi eng Gedanke komme gesprongen an säi Rucksak, anerer brauche méi laang Zäit, oder sinn esou schnell dat een se bal net mierkt. Hien geet vun Haus zu Haus, a wonnert sech all kéiers erëm wéi villfälteg Gedanke kenne sinn, déi d’Mënschen sech maachen, an awer och wann hien säi Rucksak heem dréit, wéi schwéier oder wéi liicht Gedanke kenne sinn. Hien befreit d’Leit aus der Stad vun hire Gedanken.
Géint zwou Auer ass den Här Granzeg dann erëm mat sengem decke Rucksak doheem. Hie mécht säi Sak op a fänkt un d’Gedanken ze sortéieren. Déi gutt Gedanken, an déi schlecht Gedanken, déi chaotesch Gedanken, déi liicht an déi schwéierfälleg Gedanken, déi bedréckend a däischter Gedanken, alleguer kréien si hir eege Plaz.
No enger kuerzer Mëttesrascht an enger Taass Téi, hellt den Här Granzeg déi kleng Titercher, wou hien d’Gedanken dra sortéiert huet a séit se a säi Gaart, fir de Wanter huet den Här Granzeg, en Gewächshaus, wou hien d’Gedanken dra planzt.
Moies fréi wann d’Sonn opgeet, ass a sengem Gaart en faarwegt Blummenbeet ze gesinn. Feierrout, himmelblo, knallgiel, sinn déi Gedankenblummen déi hie geséit huet, a mat engem luese Wand gesäit den Här Granzeg, wéi de Som vun de Blummen an d’Luucht gewirbelt gëtt an a Richtung Stad fléit bäi d’Leit, déi sech elo erëm nei, aner Gedanke kenne maachen.
An dann ass et och erëm un der Zäit fir dat sech den Här Granzeg op de Wee mécht fir d’Mënschen ze befreie vun hire Gedanken, well géif et hien net ginn, da géifen sech d’Gedanken ëmmer erëm widderhuelen, an an de Käpp vun de Leit festbäissen, an d’Leit kéimen ni op nei Gedanken.