Legospill

Material

  • - 1 Legomodell
  • - Nach eemol all d Stécker déi an dem Modell verbaut sinn an enger Këscht

Erklärung

Et geet dorëms dass d’ Avex de Legomodell mat de Legostécker aus der Këscht no bauen. Hei kann een an 2 oder méi  Ekippen spillen da brauch een natierlech méi Legostécker.
De Modell steet vir um Startpunkt bei den Avex, déi eidel Plaque, op där de Modell nogebaut soll ginn, steet 10 Meter weider. D’ Avex stellen sech, een hannert dem aneren, beim Startpunkt op a kucken sech de Modell gutt un. Bei Start leeft deen 1. an der Rei lass an musse e klenge Parcours bewältegen an däerf dann ee Stéck op dat eidelt Feld bauen. Dono leeft en nees esou séier wéi méiglech zréck a klappt deen nächsten of. Pro Laf, däerf een entweder ee Stéck drop setzen oder ee Stéck, wat schonn opgestallt gouf änneren.
No deenen 10 Minutte gëtt gekuckt, wéi vill Stécker richteg opgestallt goufen.

Eragereecht

Avexekipp