Eng Versammlung am Däischteren

Material

Erklärung

Am  Wanter, wann et Owes méi fréi Däischter gëtt, geet et oft schon duer wann een seng Versammlung ëm e puer Stonnen no hanne verréckelt. De Rendez-vous kann een dann och direkt beim Bësch maachen. Dat eleng geet schon duer, dass d’Versammlung fir de Wëllefchen mat Sécherheet eppes Extraes ass.

Deen een oder aner Wëllefchen ass bestëmmt frou, wann een e Wee / eng Plaz besicht, deen e schon am Helle gesinn huet. Dat mëcht d’Entdeckung vun der Plaz/dem Bësch och ganz intressant..

Flott ass et, wann een esou eng “extra” Versammlung ë bësse méi feierlech ofschléisst: mat engem speziellen Danz, enger Schneek an e puer Lidder beim Lagerfeier oder einfach mat enger Taass Téi oder Schocky, fir sech rëm opzewiermen.

Hei sinn méiglech Iddien, wou dir iech drun inspiréieren an iech verschidden Aktivitéiten erauswiele kënnt.

Ënnerlagen

Versammlung Daischtert

Eragereecht

WëllefchersEkipp & ProgrammEkipp