Material
- Foulard fir d’Aen ze verbannen
- grousst Duch fir d’Planzen dropzeleeën
- evtl Kraider
Erklärung
Op engem groussen Duch gi verschidde Kraider oder Planzen mat markantem Doft (4-6 Zorten) ausgeluecht. Entweder kennen d’Scouten des Planzen op der Wiss selwer sichen oder de Chef bréngt se scho mat an d’Versammlung.
Engem Scout ginn d’Ae verbonn. Hie kritt eng Planz fir ze richen an d’Hand. Heiansdo hëlleft et och wann een d’Planz bëssi tëschent de Fanger zerreift.
Dono gëtt hien d’Planz zréck an hie muss se um Duch rëmfannen. Méi schwéier gëtt et, wann een d’Planz op der Wiss muss rëmfannen.