Material
- Handy oder Walkie-Talkie
Erklärung
Du kenns sécher d’Gesellschaftsspill Scotland Yard bei deem sech d’Detektiven op d’Sich nom Mister X maachen dee fortgelaf ass. Dat ganzt kanns du ganz flott a Wierklechkeet spillen. Définéiert en agegrenztend Spillfeld (op enger spannender Plaz, wéi z.B. am Duerf an net op enger Wiss mat just 2 Beem). Een aus der Grupp spillt de Mister X, de Rescht sinn d’Detektiven. De Mister X mécht sech mat e bëssen Virsprong op de Wee a schéckt a reegleméißegen Ofstänn Hiweiser (d’Ofstänn ginn am Virfeld ausgemaach a sinn ofhängeg vu Gréißt vum Spillfeld) iwwer Whatsapp, Walkietalkie etc. wou hie grad drun ass. D’Zil vun deenen aneren ass et de Mister X esou séier wéi méiglech ze fänken. Zu net Corona-Zäite freet ee gär een deen d’CaraPio net kenne fir de Mister X ze fannen a gëtt him als Erkennungszeechen z.B. e CaraPio-Foulard. Zu « normalen » Zäiten ass och d’Benotze vum ëffentlechen Transport erlaapt. Mee mir si jo flexibel a passen eis der Situatioun un. D’Spill funktionnéiert genausou gutt wann een sech drop eenegt dass ee just zu Fouss däerf ënnerwee sinn.
Eragereecht
CaraPio-Ekipp