Schnitzeljuegd

Material

  • evtl Kräid oder Ficelle

Erklärung

Fir d’Schnitzeljuegd brauch ee keen extra Material. Et kann een déi Saache benotzen déi een dobausse fënnt, fir de Wee ze zeechnen. Et kann een awer och Kräid oder Ficelle benotzen. D’Grupp gëtt an zwee gedeelt. Déi éischt Ekipp zeechent de Wee, déi zweet probéiert dësen ze fannen. Déi éischt Ekipp start mat ca 15. min Avance an zeechent de Wee mat Feiler. Hei kënnen och déi üblech Zeeche vun de Scoute geübt ginn.
D’Spill ass fäerdeg wann d’Verfolger déi éischt Ekipp ageholl hunn. Fir de Retour kennen d’Rolle getosch ginn.
Aner Variante sinn, dass de Chef de Wee am Viraus zeechent oder dass ënnerwee Aufgaben oder Rätsele verstoppt sinn.

Eragereecht

Programmekipp