Beemche wiessel dëch

Material

  • Markéierunge fir d’Beem (Schnouer…)

Erklärung

Beemche wiessel dëch ass e Fänkjesspill fir am Bësch oder am Park. Dir braucht mind. sou vill Beem wei Matspiller an evtl. Markéierunge fir d’Beem (Schnouer…) All Spiller stellt sech bei ee Bam. Deen, dee fänke muss steet tëschent de Beem.
Deen, dee fänkt rifft: Beemche wiessel dech. Doropshin lafen all d’Spiller bei en anere Bam. Jidderee muss e neie Bam fannen an dierf net bei säin ale Bam zréck. Deen de fänkt probéiert och e Bam ze fannen. Dee leschte Spiller, deen iwwreg bléift, muss fänken.

Eragereecht

Programmekippe