Material
- Din A4-Blieder (ënner Pdf.-Format am Unhang; 2 Deeler)
- Plastifiéier-Maschinn (optional)
- Plastik's-Houssen
Erklärung
Et geet bei menger Iddi ëm en Gruppendynamiks-Spill, bei deem d’Participants séch an der Ausgankspositioun duercherneen dohinnerstellen, woubäi den Chef oder Spillleeder en Blad mat enger geometrescher Form an hir Mëtt leet an den Grupp doropshinn muss bilden.
Vue que dat et 11 Pdf. sinn wou d’Formen eenzel drann sinn, fannt dir hei ënnert dem 1. Deel mol folgend 4 Formen, am 2. Deel dann den Rescht:
– Konkav
– Drëps
– 4-Eck / Trapez
– Dräieck
Weider Remark: Fir dat d’Spill klappt an jiddereen vum Grupp d’Form kann gesinn hunn (si stinn jo an der Augsangspositioun duercherneen, mussen sie dann sou ronderëm goen dat jiddereen se gesinn huet, dat ass nawell eng zousäzlech Schwieregkeet). Fir et méi einfach ze maachen, kënnt dir als Ausgankspositioun och en Krees huelen an eben sou d’Form an der Mëtt nobilden, dat wier awer manner interessant wéi am Chaos unzefänken. Et geet och drëms fir aus dem Chaos eppes Strukturéiertes ze kréien. 😉 _ _ Joël
Ënnerlagen
Konkav4-Eck-_-Trapez
Formen-Gruppendynamik
Eragereecht
LGS St. Martin Jonglënster