Wëllefcher Koméit

Material

  • Lego Indiana Jones – Set (fakultativ)
  • Schiertesch
  • Déier-Verkleedungen bastelen

Erklärung

  • Den Inten John
    De Pitti wollt wësse wéi Filmer wéi den Indiana Jones entstane sinn, deen hien deslescht doheem mat sengen Elteren op der Televisioun gesinn hat, a mécht de Film gären ënner Theaterform no, mam Numm “den Inten John”. Den John ass am Fong säi Bop, an den “Inten John” de Spëtznumm deen de Pitti leschte Weekend dem Bop säin Noper hie ruffe héieren huet. [De Pitti wier dann hei de Protagonist, dee vun engem Chef gespillt gëtt, fir sou als Haaptroll dat Ganzt ze animéieren; dann nach dem Pitti säi Bop, den Noper vum Bop an dem Pitti seng Klassekomeroden/d’Wëllefcher, mat deenen de Pitti iwwert säi Projet schwätzt.
  •  

    • Am Alien-Labo”
      D’Wëllefcher sinn e Grupp Alien déi an hirem Fach “Menschenkunde” wëllen déi vermeintlech geféierlech Déieren an eiser Welt op hiert Behuelen hin analyséieren, nofuerschen ob déi Déieren (wéi den Hai, de Bier) wierklech sou geféierlech si wéi si vum Mënsch duergestallt ginn, an a weltwäit de Mënsch selwer dozou bäidréit dat déi Déieren en Risiko fir de Mënsch ginn (beim Äisbier z.B., dat säi Wunnraum ëmmer méi kleng gëtt an sou forcéiert ass an d’Géigende vun Dierfer joen ze goen.
    • Eragereecht vum Joël Gangolf (St. Martin Jonglënster)

      Ënnerlagen

      Wëllefcher Koméit