Du hues Loscht, un der Organisatioun vun engem groussen internationalen Event matzeschaffen?
Mir siche Leit, déi motivéiert sinn, de Lëtzebuerger Contingent um Roverway 2028 an der Schwäiz ze encadréieren! De CMT (Contingent Management Team) organiséiert d’Umellung vun de Lëtzebuerger Participanten a coordinéiert de Lëtzebuerger Contingent op der Plaz.
Méi Informatiounen zum Roverway fënns du op roverway28.ch oder mell dech bei eis op international@lgs.lu.
