Repair Cafe
15. Mee ///// Géisserei – 5 Rue Munchen-Tesch ///// L-2173 Luxembourg
Wat gëtt reparéiert?
Alles, wat eng zweet Chance verdéngt:
- Elektresch Klenggeräter (ausser Bildschiermer)
- Kleedung
- Veloen
- Aaxt oder Beil
- Geschier aus dem Chalet
- oder anert Scoutsmaterial
- eigentlech Saachen déi ee léiwer reparéiert wéi ewechgeheit
Weider Infoen zum Repair Cafe op : https://www.repaircafe.lu/
Bei méi komplizéierte Saachen z.B. Zelter setzt iech mat eis a Verbindung, dass mer Detailer ofkläre kënnen –> nohaltegkeet@lgs.lu
Wie siche mir?
Dës Reparature maache sech net vum selwen. Mir sichen och no motivéierte Reparateuren, déi Loscht hunn, hiert Wëssen an hir Fäegkeeten anzebréngen an eis ze hëllefen.
- Hobby‑Bricoleuren
- Handwierker
- Leit mat Erfarung am Bitzen, Schrauwen, Tüftelen
- Jiddereen, dee gären hëlleft
Wann s du Loscht hues matzemaachen oder ee kenns, deen hei gutt géif passen, da mell dech op nohaltegkeet@lgs.lu
All Hëllef zielt – a jidderee kann eppes Wäertvolles mat an d’Equipe bréngen.
Mir zielen op deng Hëllef!
Maach w.e.g. Reklamm an dengem Grupp an och bei den Elteren.
villmols Merci!
