21
2027
Mar

Second Hand fir Scoutsmaterial

Misärshaff

Second-Hand-Maart fir Scoutsmaterial

21. Mäerz 2027 | MUH – Maart um Haff | Misärshaff

Du bass op der Sich no gebrauchte Guide-Scoutssaachen?

Zesumme mat der FNEL organiséiere mir dëst Joer eise Second-Hand-Maart fir Guide-Scoutsmaterial um MUH – Maart um Haff. Ze fanne ginn et Uniformen, Schloofsäck, Rucksäck, Gamellen, Bidon’en, Reejacketten, Wanderschong, Täschemesseren, Bicher, an nach vill méi – an alles zu engem super Präis!

Komm den 21. Mäerz 2027 laanscht, stöber duerch d’Offer a schenk gebrauchte Saachen en neit Liewen.

Du hues Outdoorkleeder, Uniformen, Camp- oder Guiden-a-Scoutsmaterial, dat’s du net méi brauchs a wëlls datt mir et fir dech um Second-Hand-Maart verkafen? Méi Informatiounen dozou a wou a wéini s’de d’Material kanns ofginn fënnst du hei: <Sammelaktioun Guide-Scoutsmaterial>

Weiderginn. Weiderbenotzen. Ressourcen schounen.

Froën? nohaltegkeet@lgs.lu

 

Waat ass de MUH – Muart um Haff?

Ee Maart voller Spill a Spaass, Aktivitéite fir Grouss a Kleng, Live Musik, Iessen a Gedrénks a virum allem sëlleg Maartstänn mat spannende Produit’en aus alle Beräicher erwaarden iech! Iwwer 30 Maart- an Animatiounsstänn!