Copyright a Bildrechter

Am Kader vun de Reegelen zum Bildrecht a Copyright wëlle mir iech drun erënneren, datt bei Publikatiounen vun den LGS: (Chefbox, Social Media, Websäit, Newsletteren an all aner Kommunikatiounskanäl) nëmmen Fotoe & Video benotzt a gepost dierfe ginn, déi vun iech selwer gemaach goufen oder fir déi eng ausdrécklech Autorisatioun virläit.

Benotzt w.e.g. kee Bildmaterial aus dem Internet, vu Friemen oder aus anere Quellen, wann d’Rechter net kloer gereegelt sinn. Dëst hëlleft eis, juristesch Problemer a méiglech Reklamatiounen ze vermeiden an d’Rechter vun de Fotografen ze respektéieren. Mir soen iech am Viraus Merci fir är Opmierksamkeet an är Mataarbecht.