Eng Scoutsrees duerch d’Welt vun de Reliounen – Gänsespill

Material

  •  Gänsespill (Spillfeld) op enger Baatsch (Calicot) Gréisst : 2m x 2,80m a mi kléng Variant 45cm op 60 cm
  •  16 Spillfiguren = Foussspueren aus Holz
  •  1 grousse Schaumstoffwürfelen
  •  Aktiounskaarten – Infokaarten - Reeskaarten
  •  Bichelchen mat Erklärungen a Spillreegelen
  •  Konkret Material
  • Dëst Material kanns du als pedagogesche Koffer ausléinen. Kuck bei
  • https://chefbox.lgs.lu/desk/reservatioun-ped-kofferen/
  • oder schreif un eas@lgs.lu

Erklärung

Et geet ëm Erliewen vun ënnerschiddleche reliéisen Aktivitéiten, ëm Wëssen a Fakten zu de verschiddenen Reliounen an haaptsächlech ëm zesumme spillen a Spaass hunn.
Dobäi gëtt net eng bestëmmte Relioun, als déi eenzeg richteg duergestallt, mee jidderee soll aus der Villfalt dat eraussichen, wat him gutt deet oder richteg erschéngt.
D‘ Aktiounskaarten an d’Material vum Gänsespill (konkret Material, Fotoen, Erklärungen, fir dat Ganzt sou anschaulech wéi méiglech ze gestalten), kanns du och an eng Veillée / Versammlung zum Thema Reliounen / Duties / BA / … abauen.
Themeberäicher
 SEEGEN
 GËLLE REEGEL / 3 DUTIES
 B.A. (BONNE ACTION)
 GEBIET / MEDITATIOUN
 GEMEINSCHAFT
 PILGEREN / ËNNERWEE SINN

Ënnerlagen

Inhalt-pedagogesche-Koffer-Scoutsrees-duerch-Welt-vun-de-Reliounen
Spillplang-kleng

Eragereecht

EAS