21
2026
Mar

Avex-Rallye 2026

09:30

Avex-Rallye

Wéi schonn ugekënnegt, organiséiere mir den 21. Mäerz den Avex-Rallye. Dir kënnt Iech elo iwwer dëse Link umellen!

Umeldungen sinn op bis den 14. Mäerz:
Umeldung Avex-Rallye 2026

Käschten: 7€ pro Avex (ouni Iessen)
⏳ Dauer: Start tëscht 9:30 an 11:30, Enn géint ±16:30

Wat musst Dir matbréngen?
Picknick
Bidon
Giel Weste
Foulard
Fest Schong

Op der Plaz gëtt et och Iessen ze kafen: Grillwurscht, Mettwurscht, Kéiswupp a Veggie-Optioun – all fir 3€.

Treffpunkt: Chalet um Houwald

Transport:
Busarrêt: Waassertuerm (Linn 3)
Tramarrêt: Scillas, duerno ronn 10 Minutten ze Fouss
Mam Zuch: bis op d’Houwalder Gare, duerno weider mam ëffentlechen Transport oder zu Fouss