01
2026
Feb

Podcast Zeltgepëspers – Februar Folleg

Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft… oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et virun ongeféieren engem Joer genee selwecht gaangen an dofir hate mir d’Iddi een LGS Podcast ze grënnen.

Mir si 6 Chef vu Réiser, Diddeleng a Monnerech an hunn et eis zum Ziel gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen dass d’Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS Zeltgepëspers.

Ëmmer
den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast op Spotify an op Apple Podcasts lauschteren. Mir freeën eis op dech!