Bingo fir sech kennenzeléieren a seng Toleranz ze testen

Material

  • BingoBlieder
  • Stëfter

Erklärung

Bingo mat Froen
– All Participant kritt e Blat mat 25 Këschten drop, do sti Froen / Aussoen drop.
– Et geet drëms bei all Ausso 1 Numm ze schreiwen (Ënnerschrëft !) vun engem, op deen dës Ausso passt.
– Op sengem eegene Blat dierf een 1x selwer ënnerschreiwen.
– Bei engem anere Participant dierf ee max. 3 Ënnerschrëfte maachen
– No 10 (oder 15?) Minutten auswerten: Wéivill Felder krut der gefëllt? Wen huet di meescht? Wen huet eng Reih horizontal / vertikal / diagonal färdeg? Wen huet der 2 oder 3 …?

Alternativ:
– jidfereen ënnerschreiwt mat enger anerer Faarw an daarf bei sech an deenen aneren an all Feld ënnerschreiwen, wou en zoustëmmt
– der kënnt och iwert är Positioun schwätze, begrënnen firwat jo oder neen, nofroe beim aneren, wann der di Positioun net deelt
– Auswertung: Wat ass de Maximum pro Feld, wat e gesammelt huet? Wéivill Felder am Ganzen? … idem uewen

Duerno Échange :
– Wat ass iech opgefall ? Gemeinsamkeeten, minoritär Positiounen, …
– Has du Probleemer dermat, ze akzeptéieren, dass en „jo“ seet bei eppes, wat’s du net deels?
– Hues du dech gewonnert, dass du bei enger bestëmmter Ausso, keen hei am Grupp fonnt hues, den zoustëmmt oder grad de contraire, dass et bei de Guiden a Scouten en gëtt, den zoustëmmt?

Ënnerlagen

Bingo_1
Bingo

Eragereecht

EAS