Gëff Deel vun eisem Grupp! Mir siche Benevoler

Bass du motivéiert, de libanesesche Scoutsgrupp matzëgestalten? Hues du Freed dorunner, international Kanner a Jugendlech op hirem Wee ze begleeden a wëlls aktiv um Gruppeliewen matwierken?

Da bass du genau déi richteg Persoun!

Mir sichen engagéiert Benevoler, déi Loscht hunn:

  • de Grupp a senger Entwécklung ze begleeden,
  • d’Chef:tainen z’ënnerstëtzen a bei Eventer matzeschaffen,
  • d’Verbindung tëscht den LGS an dem libanesesche Scoutsgrupp ze stäerken.

⏰ Zäitopwand: flexibel – jee no Méiglechkeet a Motivatioun (aktuell 1x/Mount Versammlung)
 Begleedung a Rotschléi: vun der Programm- a Gruppenekipp sou wéi dem Roxane – du stees net alleng
  Sprooch: Englesch / Franséisch

 Wann s du interesséiert bass oder Froen hues, mell dech bis den 15.08 beim Roxane: roxane.fijean@lgs.lu

Zesummen hale mir de Grupp lieweg – mir freeën eis op dech!