Den AG A&R op der Gilwellfeier 2025

Den Aarbechtsgrupp Archiven & Recherche hat d’Geleeënheet op der Gilwellfeier, de 25. Januar
2025 seng Aarbecht virun engem Grupp vu knapp 60 Cheftainen a Chef ze presentéieren. Besonnesch déi uschléissend Gespréicher am klenge Krees ware ganz fruchtbar an hunn esou munech Iddi ervirbruecht. Et kristalliséiert sech ëmmer méi eraus, datt och déi lokal Gruppen ee groussen Interessi un der Opaarbechtung vun hirem Historique hunn.

Den AG wëll lokale Gruppen beim Opbau vun Archiven hëllefen, fir dass de Puzzle vum Guidissem a Scoutissem hei zu Lëtzebuerg nach méi grouss a méi komplett gëtt an doduerch d’“Mémoire collective” gefërdert gëtt.

Eng nei Baustell déi mir elo opmaache wäerten ass déi vun de Gilwellaarbechten. Niewent enger Iwwersiicht, wien, wéini säi Gilwellfoulard fir wéi eng Aarbecht krut, ginn all dës Dokumenter am Augias erfaasst an digitaliséiert, mam Zil, wéinstens den iwwersiichtlechen Tablo ze verëffentlechen.

Wien also hei een Deel kann derzou bäidroen, ass häerzlech wëllkomm eis ze kontaktéieren iwwer archiven@lgs.lu.

Mir soe Merci, datt mir invitéiert goufen an hoffentlech bis eng aner Kéier.

AG A&R