15
2025
Mar

Avex-Rallye 2025

bartreng

Avex-Rallye 🏁

Wéi schonn ugekënnegt, organiséiere mir de 15. Mäerz zesumme mat de Bartrenger Scouten den Avex-Rallye. Dir kënnt Iech elo iwwer dëse Link umellen!

📝 Umeldungen sinn op bis den 7. Mäerz:
👉 Umeldung Avex-Rallye 2025

💶 Käschten: 5€ pro Avex
Dauer: Ongeféier véier Stonnen
ℹ️ Leider hu mir nach kee Bankkonto fir d’Bezuelungen unzehuelen, mee dat kënnt geschwënn!

Wat musst Dir matbréngen?

  • Picknick
  • Bidon (Waasserfläsch)
  • Giel Weste
  • Foulard
  • Fest Schong

🍔 Falls de Picknick net genuch ass, gëtt et och Gegrilltes & Comptoir op der Plaz – dat kascht natierlech extra. 😉

Treffpunkt & Transport:

Den Depart ass um Parking Enneschte Bësch. Mir recommandéieren Iech mam ëffentlechen Transport bis op d’Léidlenger Gare ze fueren – vun do aus ass et just ee Katzesprong. Falls Dir awer onbedéngt mam Auto komme musst, parkt bei der Gare.