01
2025
Feb
Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen
Géisserei
D’Formatioun fënnt den 01.Februar 2025 09:00 – 17:00 an der Géisserei statt.
Zesumme mam Centre national de prévention des Addictions (cnapa) proposéiere mir iech eng Formatioun zum Theema: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen.
Theemen:
- “Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen”
- “Gespéichsféierung mat Jonken” (Übungen a Methoden)
Inhalt:
- Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren? Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanze méi am Detail erklärt.
- An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Theema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Theema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z’erzilen.
Wann dir d‘Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d’Theema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.
Ënnert dësem Link kennt dir iech fir d’Formatioun umellen: chefbox.lgs.lu/portal/formatioun
Bei weidere Froe kennt dir iech beim Liz mëllen: liz.feinen@lgs.lu
Klick op d’Bild