Wichteg!
- Den SNJ huet en neie Formulaire fir de Congé Jeunesse online gestallt. D’Demandë mat dem ale Formulaire gi vum SNJ refuséiert. Dofir benotzt wgl. nëmmen nach den neie Formulaire.
- De Formulaire vun der Demande huet sech geännert. Et ass elo méiglech, de Formulaire komplett digital auszefëllen. An dësem Fall muss een de Programm Acrobat Reader hunn. Wann et engem net méiglech ass, de Formulaire digital auszefëllen, kann een en weiderhin ausdrécken an op der Hand ausfëllen.
- Opgepasst! Fir d’Participatioun op enger Formatioun gëtt en anere Formulaire benotzt wéi fir de Camp!
Informatiounen iwwert d’Konditiounen an d’Prozedur vum Congé Jeunesse fënns du um LGS Site oder um Site vum SNJ.