D’Zukunft gehéiert eis!
Participatioun a Matbestëmmung bei den LGS
*** *** ***
„Et sinn déi Jonk vun haut déi d’Entscheedunge vu muer treffen.“ (Zitat aus der neier Method)
Participatioun baséiert op der Iwwerzeegung, datt jiddereen d’Recht an d’Méiglechkeet huet bei Entscheedungen an Ugeleeënheeten, déi d’eegent Liewen, d’eege Gemeinschaft an d’eegen Ëmwelt betreffen, mat ze schwätzen, sech anzebréngen, zesumme Léisungen ze sichen an dës zesummen ëmzesetzen.
Als Jugendmouvement wëlle mir déi Jonk op hirem Wee stäerken, ënnerstëtzen an si drop virbereeden, Verantwortung vis-à-vis vun hire Matmënschen, hirer Ëmwelt a vis-a-vis vun sech selwer ze iwwerhuelen.
An dësem Sënn sollen all eis Memberen a virun allem eis jonk Memberen d’Méiglechkeet hunn, op lokalem wéi op nationalem Niveau hir Meenung ze äusseren, hir Iddien anzebréngen, matzebestëmmen a gehéiert ze ginn.
Bei den LGS ass et un eis Erwuessenen dës Méiglechkeeten ze schafen; eise Kanner a Jonken eppes zouzetrauen, hinne Responsabilitéiten ze iwwerginn an si an hiren Iddien ze respektéieren an ze stäerken, esou datt si d‘Zukunft selwer gestallten a lenke kënnen.
Als gréisste Jugendmouvement zu Lëtzebuerg ass et eis Responsabilitéit, mat der Zäit ze goen an eis bestoend Strukturen an Ofleef ze iwwerdenken, oppen ze si fir nei Iddien, eis Aarbechtsweis ze hannerfroen a virun allem deene Jonken d’Méiglechkeet ze ginn sech aktiv un dësem Prozess ze bedeelegen.
Fir dëst ëmzesetzen, ass et wichteg gemeinsam ze definéieren, wat Participatioun fir eis als LGS konkreet bedeit.
De Badge fir den nei Mot d’ordre ass fäerdeg. Dir kënnt deen hei eroflueden: chefbox.lgs.lu/desk/mot-dordre-2023-2026 an deemnächst och am LGS Shop kafen.
Méi Info fënns du hei: chefbox.lgs.lu/desk/mot-dordre-2023-2026