Säit ville Jore geet Rieds bei den LS / LG an dono bei den LGS vun der Noutwendegkeet Archiven opzebauen. Et gouf och an der Vergaangenheet schonns en etlech Versich.
Zenter ronn zwee Joer ass et elo endlech esouwäit. No der Decisioun vun dem Comité, Archiven opzebauen an z’entwéckele, a villen Viraarbechte kann sech den Aarbechtsgrupp elo kuerz virstellen.
De Verband wëllt also eng Mémoire collective opbauen. Si soll hëllefen
- d’Evolutioun vun den LG, LS a spéider d’LGS ze dokumentéieren an interesséierte Memberen aus der Verbandsleedung oder lokale Gruppen a Studenten, Doktoranden a Chercheuren zougänglech ze maachen.
- Jetzegen a spéidere Responsabel vun den LGS Dokumenter zu de Methoden a Konzepter vun de Branchen, den Ausriichtunge vum Verband, de Programmer insgesamt, wéi och zur Organisatioun vu groussen nationalen Evenementer (national Aktivitéite wéi Camp’en, Rallyen, asw.) zur Verfügung ze stellen.
Bei den Dokumenter handelt sech
- Insgesamt ëm schrëftlech Dokumenter wéi Rapporten, Programmer, Konzepter, Methoden, Zäitschrëften, Artikelen an der Press, Brochuren … (a physesch oder an digitaler Form), Fotoen, Filmer Plakaten, elektronesch Medien …
- ëm déi wichteg Rapporten an Dokumenter aus de Branchenequipen, dem Comité an deenen aneren Equipe vun den LGS
D’Enregistréiere geschitt elo schonns mat Hëllef vun enger Archivesoftware an an Ofsprooch an Ënnerstëtzung mat dem CNA an den Nationalarchiven.
Een Handbuch, dat aktuell an der Aarbecht ass, soll schrëftlech Prozeduren an Aarbechtshëllfen ubidden, mam Zweck een eenheetlecht Schaffe mat den Archivgidder sécher ze stellen.
Eng Zesummenaarbecht matt der Equipe „Public Relation“ awer och anere Gremie vum Verband ass virgesinn, well et ass wichteg, datt jidderee säi Beitrag zum Archiv leescht awer och vun dëser mémoire collective profitéiere kann.
Weideren Timing
- An de nächste Woche ginn d’Prozedure fir d’Rezeptioun vun deene verschiddene Forme vu Material nach fäerdeg gestallt.
- Nach virum Summer gi Leit perséinlech ugeschriwwe fir no Dokumenter ze froen, déi interessant fir d’Mémoire collective sinn.
- Um Chefdag am Hierscht stellt den AG Archiven a Recherche de ganze Projet vir an ass da prett fir weiderhi verantwortungsvoll gréisser Quantitéite vun Dokumenter e verschaffen.
De Moment huet den Aarbechtsgrupp sech dräi Voleten opgedeelt:
- Allgemeng physesch oder digital Dokumenter
- Fotoen an audiovisuellt Material
- Recherche zur fréierer an haiteger ideologescher a pädagogescher Entwécklung vun den LGS