Formatioun: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen

No dem positive Feedback vu leschtem Joer proposéiert de Centre national de prévention des Addictions de Scoutscheffen eng zweete kéier d’ Formatioun zum Thema: Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen.

Themaen:

  1. “Basisformatioun zur Richtlinn fir den Ëmgang mat legalen an illegalen Drogen”
  2. “Gespéichsféierung mat Jonken” (Übungen a Methoden)

Inhalt:

Wéi ginn ech mat Jonken ëm, déi legal an/oder illegal Droge konsuméieren?

Am éischten Deel beschäftege mir eis mat der Richtlinn (Kooperatioun tëscht CNAPA a SIL) zum Ëmgang mam Konsum vun Drogen. Zousätzlech ginn déi verschidde Substanzen méi am Detail erklärt.

An engem zweeten Deel sti Methoden an Übungen am Mëttelpunkt fir mat Jonken iwwer dëst Thema ze schwätzen. Dës sinn interaktiv opgebaut, fir déi Jonk esou fir dëst Thema ze sensibiliséieren an am Sënn vu preventive Botschaften, laangfristeg positiv Effekter z’erzilen.

Wann dir d‘Formatiounen ofgeschloss hutt, kënnt dir Sensibiliséierungsmaterial bei eis ausléinen, fir d’Thema mat äre Jonken am Grupp unzeschwätzen.

Wéini:  Samschdeg, den 18.11.2023 vu 9 bis 17 Auer

Wou:  Um Neihaischen

Mir starte Moies um 8.30 Auer mat Kaffi a Croissant 🙂

Wanns du an däi Grupp intresséiert sidd, da maach dech bäi well d‘Plaze si begrenzt op 20 Participanten.

 

Umelle kënnt dir iech hei: chefbox.lgs.lu/portal/formatioun

Weider Infoe kritt dir beim Liz: liz.feinen@lgs.lu

Flyer eroflueden