Aktivitéiten am Kader vum Mot d’ordre

Wëllt dir e flotte Projet/Versammlung zum Theema vum Mot d’ordre an ärem Grupp ëmsetzen?

Dobäi sammele mir mat iech an äre Kanner/Jonker Iddie fir e klenge Projet, dee mir
zesummen ausschaffen an ëmsetzen.
Sief et Stand-Up-Paddeling am Stau, d‘Neigestaltung vum Versammlungs – Sall, oder
eng Rallye laanscht d‘Sauer – Villes ass méiglech.
Haaptzil ass et, datt jidderee matschwätzen a matdecidéiere kann, wéi a wat
ëmgesat gëtt.

Mir freeën eis op iech!

 

Mir proposéieren iech folgend Datumer fir d‘Ëmsetzung vum Projet:

• Samschdeg, de 25. November 2023
• Samschdeg, den 03. Februar 2024
• Samschdeg, den 23.Mäerz 2024
• Samschdeg, de 27.Abrëll 2024
• Samschdeg, den 29.Juni 2024

D‘Datumer fir dVirbereedung vum Projet ginn individuell mat iech ofgemaach.

Kontakt: marlen.oldenburg@lgs.lu oder liz.feinen@lgs.lu

 

Flyer eroflueden