Material
- Geschicht,
- evtl Biller fir bei der Geschicht ze weisen,
- Ziedelen, Stëfter, Zeitungsblieder oder grouss Stécker Karton,
- Memory Déiersepueren,
- Ficelle, Täschemesser
Erklärung
Erklärung:
Dëst ass eng fäerdeg Aktivitéit, déi als Veillée oder als Rallye kann duerchgefouert ginn, an als Basis fir eng Verspriechensfeier ka genotzt ginn. Dëst kann am Kader vun engem Camp oder Weekend genotzt ginn, awer och z.B. während enger Versammlung.
D’Geschicht gëtt erzielt:
Haut maache mir eng Rees an d’Vergaangenheet. Mir maachen eis op d’Sich no deem Mann, deen d’Scoute gegrënnt huet.
Eis 1. Statioun féiert eis ronn 160 Joer zréck an d’Joer 1857. Mir sinn zu London, an England. An dësem Joer, den 22. Februar ass de Robert Stephenson Smyth Baden-Powell hei zu London op d’Welt komm. Dat ass nawell ee relative laange Numm. Dofir gouf de Robert Baden-Powell och nach anescht genannt. Weess ee vun iech, wéi säi Spëtznumm war?
1. Nimm erroden (Spill)
Material: Ziedelen, Stëfter
De BP huet säin Numm ganz einfach ofgekierzt. Dat kënne mir awer och alleguer maachen. Jidderee kritt en Ziedel a sicht sech eng Ofkierzung fir säi Numm a schreift en op en Ziedel (z.B. Initialen). Duerno sammele mer d’Ziedelen all zesummen. Ee nom aneren zitt en Ziedel a liest waat drop steet. Mir versichen erauszefanne, weem säi Numm et ass.
Fortsetzung vun der Geschicht:
De BP ass zu London bei senger Mamm a sengem Bop grouss ginn. Hie war dee 7. vun 8 Bridder. Als Kand war hie scho vill mat sengem Bop an der Natur an an de Parken zu London ënnerwee.Wann hie Schoulvakanz hat, ass hie mat senge Bridder a senge Kollegen vill duerch d’Bëscher gewandert an iwwer d’Flëss an d’Mier gesegelt. Wéi de BP mat der Schoul fäerdeg war – hie war nie ganz gutt an der Schoul – huet hie sech an déi englesch Arméi gemellt. Hien ass direkt an Indien geschéckt ginn.
2. All zesummen iwwer d’Waasser (Kooperatiounsspill)
Material: Zeitungsblieder/Stécker Karton, opmannst eng méi wéi Kanner do sinn
All Kand kritt e Stéck Zeitung/Karton, d’Kanner stelle sech an enger Rei hannerteneen op, jiddereen op senger Zeitung. Da solle si all zesummen iwwer d’Mier goen (de Startpunkt an d’Ziel festleeën!), andeems si ëmmer e Stéck Karton vun hannen no vir weiderginn bis bei dat éischt Kand asw. a sech esou eng dynamesch Bréck iwwer d’Waasser bauen.
Fortsetzung vun der Geschicht:
Während de BP an Indien stationnéiert war, huet hien a senger Fräizäit d’Déieren am Dschungel beobacht. De BP war duerno och am Afghanistan an zu Malta agesat an hien huet souguer an England als Spioun geschafft. Mee richteg berühmt ass de BP ginn duerch seng Abenteuer an Afrika.
Déi Agebueren aus Afrika hunn dem BP gewisen, wéi si op d’Juegd ginn, Spuere liesen, sech no de Stären orientéieren a mat der Urwaldmedizin heelen. De BP huet sech all des praktesch Iwwerliewenstechniken ofgekuckt a war am Dschungel bal méi flénk wéi d’Afrikaner. D’Agebueren hunn de BP „Impessa“ genannt, wat souvill heescht, wéi „de Wollef, deen nie schléift“.
3. Spuere Memory (Staffellaf)
Material: 2x Memory Biller mat Déieren a Spueren
Kenne mir eis och schon esou gutt mat den Déierespueren aus. Wéi de BP?
Et ginn 2 Ekippe gemaach, déi sech jeweils an enger Rei opstellen. E bësse méi wäit vun all Ekipp leien d’Memory Biller verdeckt (all Ekipp huet säi Memoryspill).
Aus all Ekipp dierf 1 Kand bei d’Biller vu senger Ekipp lafen an 2 Biller opdecken. Wa se beienee passen, dierf et se mat bei seng Ekipp huelen. Wa se nët passen, muss et se nees zoudecken a leeft zréck bei seng Ekipp. Dann dierf deen nächsten aus senger Ekipp lafen. Déi éischt Ekipp, déi all hier Biller fonnt huet, ass gewonn.
Fortsetzung vun der Geschicht:
Dagsiwwer huet de BP den Häuptling Pempreh gejoot an owes beim Lagerfeier huet hien u sengem Buch „Aids for Scouting“ geschriwwen („Hëllef fir de Wee ze fannen“). An dësem Buch huet hien alles ogeschriwwe, wat hien an Indien an an Afrika geléiert huet. Dëst Buch sollt just an der Arméi gebraucht ginn a war fir d’Ausbildung bei den Offizéier geduecht.
Wéi de BP zréck an England koum, huet hien héieren, dass dëst Buch nët nëmme vun Zaldote gelies ginn ass, mee och ganz vill Jugendlecher sech dofir interesséiert hunn an doraus Spiller erfonnt hunn. De BP hat es awer mëttlerweil genuch vum Krich a wollt sech fir de Fridden asetzen. Hie wollt nët dass säi Buch vun deene Jonke géif gelies ginn an huet entscheed, en zweet Buch ze schreiwen. An dësem Buch wollt hien deene Jonke sënnvoll Iddien mat op de Wee ginn. Fir seng Iddien aus dem Buch auszeprobéieren, huet de BP dofir am August vum Joer 1907 deen 1. Scoutscamp op der Brownsea Insel organiséiert. Hien huet 21 Jonge matgeholl a si hunn op dësem Camp zesumme gelieft, geschafft a gespillt. Dëse Camp war e vollen Erfolleg an de Grondsteen fir d’Grënnung vun de Scoute war geluecht.
De BP huet de Scouten ee Foulard ginn, fir si drun ze erënneren, dass si all Dag sollen eng BA maachen a sech fir de Fridden asetzen.
Als Symbol fir d’Scouten huet de BP eng Fleur de Lys gewielt, déi aus deenen 3 Deeler besteet. Dest erënnert och un eis 3 Fanger, déi mir nach haut huele wa mir als Scouten uschloen (z.B. beim Verspriechen). Dës Blumm huet de BP du nach mat enger Ficelle ëmkreest an e Knuet dragemaach. Dës Ficelle steet fir den Zesummenhalt vun de Scouten.
4. Platte-Knuet-Frëndschafts-Bracelet
Material: Ficelle, Täschemesser
Mir stellen eis an e Krees a jidderee kritt e Stéck Ficelle. De Chef erklärt a weist wéi een e platte Knuet mecht. Duerno dierf ee nom anere sengem rietse Noper d’Ficelle als Bracelet ëm d’Handgelenk wéckelen oder un de Foulard strécken a mat engem Platte Knuet zesummebannen.
Fortsetzung vun der Geschicht:
Knapps ee Joer nom 1. Camp koum dem BP säi Buch „Scouting for Boys“ (Wéi ee Scout gëtt) eraus. Ëmmer méi Scoutsgruppe si gegrënnt ginn a schon am selwechte Joer sinn et 60.000 Scoute ginn. Am Joer 1909, also 2 Joer nom éischte Camp hunn déi éischt Meedecher bei engem grousse Scoutstreffe matgemaach, sou sinn d’Guiden entstan. De BP, dee sech aus der Arméi zréckgezunn hat, ass vill gereest an huet déi verschidde Scoutsgruppen aus der ganzer Welt kennegeléiert. Op enger vu senge ville Reesen huet de BP seng zukünfteg Fra Olave kennegeléiert. Si war op den Dag genau 32 Joer méi jonk wéi de BP. D’Olave huet sech spéiderhin haaptsächlech ëm d’Guide gekëmmert.
Säit 1913 goufen et déi éischt Scouten hei zu Lëtzebuerg.
1920 war deen éischte grousse Welt-Scoutscamp, den Jamboree, zu London. Dës grouss Campen fannen nach haut all 4 Joer an der ganzer Welt statt. E puer Joer méi spéit, ass de BP zum Ritter geschlo ginn, hie krut den Titel „Lord Baden-Powell of Gilwell“.
Wéi de BP 80 Joer al war, ass hien nees zréck an Afrika gaangen. Zu Nyeri am Kenia ass hien den 8. Januar 1941 mat bal 84 Joer gestuerwen. Op sengem Grafsteen as ee speziellt Zeechen drop: De Krees mat engem Punkt an der Mëtt. (evtl mat Kräid op de Buedem molen) Wee wees dann wat dëst Symbol bedeit? (Ech hu meng Aufgab erfëllt an ech sinn heemgaang).
5. Verspriechen
Ënnerlagen:
Geschicht mat de Spiller
Memory-Biller fir ze printen (2x)
Biller fir bei der Geschicht ze weisen
Ënnerlagen
Doc5Doc6
Rei
Biber
Hund
Eragereecht
Biber Ekipp