Material
- Geschicht,
- Fallschirm,
- kleng faarweg Bäll,
- Hoolahopp Reefer,
- 3 Faarwe Woll/Ficelle,
- Schéier/Täschemesser
Erklärung
Erklärung:
Dëst ass eng fäerdeg Veillée, déi z.B. am Kader vun engem Zirkuscamp oder -weekend ka genotzt ginn fir d’Verspriechensfeier.
1. Fir d’éischt gëtt d’Geschicht „Zirkus am Véirelsland“ erzielt.
2. Uschléissend ass eng Diskussionsronn, wou d’Kanner sech kënnen iwwer d’Geschicht austauschen.
Wat ass an der Geschicht geschitt?
Wéi géifs et iech goen, wa mir am Véirelsland giffe liewen?
Firwat wëllen d’Leit sech nët mëschen?
Firwat denke si nët faarweg?
…
3. „Faarwe mëschen“ Spiller
D’Kanner stinn am Krees an halen all e Stéck vum Fallschirm un. Si maache vill Welle mam Fallschirm. No an no geheit e hef faarweg Bäll op de Fallschirm. D’Kanner solle sou vill Welle maache, wéi méiglech, fir dass déi faarweg Bäll sech all vermëschen.
D’Kanner kréien all jeweils eng Faarf (roud, blo, giel oder greng) zougedeelt (dat kann och mat engem faarwege Fuedem um Foulard oder engem faarwege Punkt op der Hand/Gesiicht méi konkret duergestallt ginn).
Duerno stelle si sech all an e Krees an halen e Stéck vum Fallschirm un.
Si maache grouss Welle mam Fallschirm. Wann de Fallschirm eropgeet, rifft de Chef eng Faarf. All d’Kanner, déi dës Faarf zougedeelt krute, sollen dann ënnert dem Fallschirm erduerchlafen a mat engem anere Kand vun däer Faarf d’Plaz tauschen. Wann dat gutt klappt, kënnen och méi Faarwen an enger Kéier genannt ginn, esou dass d’Faarwe sech nach besser kënne mëschen.
4. „Zesummen derduerch“ Spill
D’Kanner stinn an engem Kreess a gi sech eng Hand. Op enger Plaz gräifen zwee Kanner duerch en Hoolahoppreef a gi sech nees d’Hand. Da klëmmt ee Kand nom aneren duerch de Reef, ouni dass si hir Hänn lassloossen.
5. Frëndschaftsbracelet
Jidderee kritt 3 verschidde faarweg Stécker Woll an flecht/trëtzt déi zu engem Bracelet. Da kënnen d’Braceleten nach getosch ginn oder z.B. am Krees schenkt jidderee sengem rietse Noper de Bracelet.
6. Verspriechen
Wat ass e Verspriechen?
Wat ass d’Versprieche bei de Scouten?
Wat kann ee verspriechen?
Wat kann/wëll ech verspriechen?
…
Ënnerlagen: Geschicht „Zirkus am Véirelsland“
Ënnerlagen
Zirkus-am-VeirelslandEragereecht
Biber Ekipp