D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten soen Iech vun Häerzen M E R C I fir är generéis Donen.
Dest Joer koumen am Ganzen, iwwert Aktivitéiten ewéi dem Thinking Day, deene verschiddenen Benefiziessen an aner Aktiounen géneréis Donen am Gesamt Montant vun 46 219,00 € zesummen. Merci un iech all!
Weider Andéck aus de verschiddene Campen a vun den emgesaten Projeeen fannt dir hei drënner:
Bau vun enger Struktur fir eeler Leit, Relancement vum Jugendsecteur UJP an Ausernanersetzung mat Themen ewéi Aarmut, Sklaverei an Ongerechtegkeet, ouni dobäi déi kulturell a natierlech Schéinheet vu Brasilien aus den Aen ze verléieren.
Georgien
Ausschaffe vun nohaltege pädagogesche Kofferen, dei speider am SCENES-Formatiounscenter agesat kënne ginn, de Bau vun enger Boulderwall um Site an d’Ofgrenze vum Site mat engem Drot.
Philippinnen
Ausbau vun enger ëffentlech zougänglecher Ausbildungsplaz an Installatioun vu Solarpannoen op de Gebaier.
Senegal
Renovéierung a Neigestaltung vum Centre de Ressources Educationnelles et de Promotion des Enfants an Organisatioun vu kreativen an edukative Vakanzenaktivitéite fir d’Kanner vu Mboro.
