Unhaalend Hëtzt
An der nächster Zäit sinn nees méi héich Temperaturen ugekënnegt. Mir bieden iech, är Aktivitéiten sou unzepassen, datt d’Gesondheet an d’Sécherheet vun eise Guiden- a Scouten ëmmer am Vierdergrond stinn. Wann d’Konditiounen op ärer Versammlungsplaz et net erlaben, eng sécher Versammlung ze organiséieren, zéckt net, dës unzepassen.
Recommandatiounen:
Genuch Waasser bereet stellen a jidderee reegelméisseg drun erënneren ze drénken.
Aktivitéiten am Schied (am Beschten am Bësch) oder, wa méiglech, dobannen duerchféieren.
Sonneschutz (Kap/Hutt, Sonnecrème) erënneren.
Reegelméisseg Pausen abauen.
Besonnesch op Zeeche vu Middegkeet, Schwindel oder Iwwerhëtzung oppassen.
Dréchent an de Bëscher
D’ANF (Administration de la nature et des forêts) huet eis dorop higewisen, datt et duerch déi aktuell Dréchent zu Spannungen an de Beem kënnt. Och wann en Aascht gesond ausgesäit, kann en onerwaart ofbriechen an domat eng Gefor duerstellen.
Mir bieden dofir all Cheftainen a Chef, besonnesch virsiichteg ze sinn, wann dir mat ären Kanner a Jonken an de Bësch gitt.
Halt iech, wa méiglech, un déi baliséiert Weeër a vermeit et, ënner grousse Beem oder Äscht ze raschten oder Aktivitéiten ofzehalen.
Merci fir äre Bäitrag, fir d’Sécherheet vun eise Kanner a Jonken ze garantéieren.
