Bealtaine Festival fir LGS Gruppen

Kommt mat äre Jonken op de Bealtaine Festival a verbréngt e spannenden Dag am Bësch an am Keltenhaus. Dir hutt och dëst Joer d’Méiglechkeet, mat äre Biber, Wëllefcher an AvEx als Grupp op de Festival ze kommen an un de ville Aktivitéiten deelzehuelen.

Horairen
– Samschdes, 23.05.2026: 11h00 – 19h00
– Sonndes, 24.05.2026: 11h00 – 19h00
– Workshops fir Kanner: 11h00 – 18h00

Mir bidden un
– Gratis Entrée fir Biber, Wëllefcher an AvEx, déi sech als Grupp am Viraus umellen
– Flott a spannend Workshops/Spiller

Um Programm:
Workshops, Infostänn, Verkafsstänn, Demonstratiounen, …
– Bouschéissen, Brout baken, Filzen, Kräideratelier, Mat Naturmaterialie bastelen, Schnëtzen Stoffstempel & Hennatato, Specksteen, XL Holzspiller

Wat musst dir maachen (Umeldung)
Mellt iech w.e.g. als Famill, Ruddel oder Trupp bis spéitstens den 15. Mee 2026 un: info@bealtaine.lu
Gitt w.e.g. folgend Informatiounen un:
– Numm vum Grupp
– Numm vum responsabele Chef
– E-Mail-Adress
– Zuel vun de Kanner a Cheffen
– Datum, wéini dir kommt (wichteg aus organisatoresche Grënn) An der Kees kritt dir är Entréesbännecher an Aktivitéitskaarten.

Weider Informatiounen: Bealtaine 2026