Mataarbechter fir Bealtaine Festival 23. – 24. Mee 2026
Mir sinn ëmmer erem iwwer de grousse Succès vun eisem Festival begeeschtert, deen net méiglech wier, ouni d’Mataarbechter, déi während dem Weekend un eiser Säit stinn. Fir déi 11. Editioun vum Bealtaine Festival brauchen mir erëm vill motivéiert Hänn! Hues de Loscht an Zäit, eis dëse Weekend ze hëllefen? Dann zéck net, a mell dech esou séier wéi méiglech!
Wat bidde mir:
– Gratis Entrée fir de Festival
– Vill Aarbecht, awer och ëmmer vill Spaass
– Méiglechkeet, Sonndes owes mat eis ze feieren
– Ënnerstëtzung vum Projet „Native Village“
Wou brauche mir Hëllef?
– Mathëllef bei der Animatioun vun den Workshops fir d’Kanner déi zwee Deeg
– Hëllef bei de Spiller vun der Greatest Woodland Challenge fir AvEx a CaraPio (Samschdes, 23.5.2026)
– Entréekeesen
– Tarte Flambée
– Bongekees
– Grill am Bësch
– Grill op der Wiss
– Comptoir op der Wiss
– Comptoir am Bësch
– Leit an der Spull
– Service Fierkel/Schoof um Spiess (23.5.2026)
– Service Ochs um Spiess (24.5.2026)
Umellen kanns de dech iwwer: mataarbechter@bealtaine.lu
Mail eis deng Donnéeën: Numm, Virnumm, E-Mail-Adress, Telnummer a wou’s de hëllefe wëlls, wéi een Dag.
Mir soen dir elo schon emol e grousse Merci!
Ekipp Native Village
