“Bosses et Bobos” 2.0

Mir brauchen deng Hëllef fir den Update!

Léif Chef:tainen,

De “Bosses et Bobos” war laang Zäit de Standard, wann et ëm d’Gesondheet um Camp goung. Mir wëllen dës Formatioun elo nei opliewe loossen an un déi haiteg Zäit upassen. Dofir siche mir Leit, déi Loscht hunn, d’Konzept mat auszeschaffen.

Nieft Klassiker wéi “Heemwee”,  “Hëtzt” a Plooschteren an aner Boboen wëlle mir och Kloerheet bei dësen heikele Froe schafen:

  • De Medikamenter-Check: Wat däerfe mir de Kanner eigentlech ginn? Wat ass streng verbueden?
  • Rechtlech Ofsécherung: Wéi geet een als Chef op Nummer sécher?

Medezinescht oder juristescht Hannergrondwëssen ass wëllkomm, awer keng Viraussetzung. Jiddereen, deen motivéiert ass, ass wëllkomm!

Hues du Loscht, dës wichteg Reegelen ze definéieren a mat an eng spannend Formatioun ze paken?

Da mell dech op formatioun@lgs.lu fir an d’Aarbechtsgrupp!