Léif Cheftainen a Chef,
Den 10. Januar ass et endlech esou wäit: D’Wëllefcher Ekipp mecht
d’Diere vum neie Bistro an der Géisserei fir den alleréischten Afterwork op!
Vun elo u fënnt eisen Afterwork all Samschden no enger Vakanz statt –
organiséiert vu jeweils enger vun eise Verbandsekippen. Mat dësem neie Konzept
brénge mir net nëmme méi Liewen an de Bistro, mee schafe gläichzäiteg
eng gemittlech Atmosphär, wou mir einfach eng gutt Zäit kënnen zesummen hunn.
Mir freeën eis op iech!
D’Programmekipp
