24 Stonnen a Beweegung
24 heures en mouvement
24 hours of movemement
Verschidde Sportaarten entdecke an dobäi souvill wéi méiglech Stonne Beweegung sammelen. D’Sue gi fir de gudden Zweck gesammelt a ginn integral op eise Scouts-Projeten am Ausland agesat. Dëst sinn eis RaRo-“Odysseeën”.
D’Cheffe wäerte mat hire Kanner a Jonken auswielen, wéini a wéi laang si wéiee Sport maache wëllen. D’Aktivitéite sinn ëmmer un den Alter vun de Kanner a Jonken ugepasst.
De Formulär geet den 14. Dezember um 10:00 op
a muss bis den 21 Dezember um 23:59 ausgefëllt sinn.
Léif Gruppechef:tainen, mëll däi Grupp séier un.
Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
D’Programmekipp
