Mystaria… Fotoen, verschwonne Calicots a Lost&Found

De Mystaria Camp ass leider eriwwer, awer vill schéin Erënnerunge bléiwen ons, déi dir hei nokucke kennt: https://mystaria.lgs.lu/media/

Leider sinn op dësem Camp 7 vun 9 Calicots verschwonn ☹ Hunn dës de Wee net duerch d’magescht Portal fonnt oder wou sinn se verschwonn… Mystaria? Mir gengen ons op alle Fall freeë wann des kéinten an d’Géisserei zeréck bruecht ginn, soss kënne mer onse Gruppe keng, respektiv just nach zwee zur Verfügung stellen!

Lost&Found: et sinn eng Réi Saachen an der Géisserei ukomm déi op hire Besëtzer waarden. Vum Rucksak, iwwert d’Carry Mat bis zum Foulard ass alles dobäi. Des Saache kënnt der bis de 15. September an d‘Géisserei siche kommen. No dësem Datum ginn se gespent.