Léif Scoutschef:taine,
D’SuperDrecksKëscht® bitt eng Rei Aktivitéiten, Visitten a Formatiounen un, déi ideal an de Scoutskontext integréiert kënne ginn – ob an enger Versammlung, op engem Weekend oder am Camp.
🎲 Aktivitéiten an der Versammlung
Am Anhang fannt dir zwou fäerdeg ausgeschafften Aktivitéiten, déi op d’Altersgruppen ugepasst sinn a sech super an de Programm vum Grupp integréiere loossen:
- Recycling – D’Beispill vum Pabeier (6–8 Joer, max. 15 Kanner, 2 Stonnen)
D’Kanner léieren op spilleresch Aart wéi Pabeier hiergestallt gëtt a wéi Recycling funktionéiert. Si maachen och selwer Recyclingpabeier! - Eis Ëmwelt – D’Ressourcespill (8–12 Joer, 8–12 Kanner, 2 Stonnen)
An engem interaktive Brietspill entdecken d’Kanner d’Thematik vun der Ressourceknappheet a wéi si selwer zur Ëmweltschounung bäidroe kënnen.
Wann dir interesséiert sidd oder eng aner Altersgrupp hutt, mellt iech einfach bei hinnen, a dir kuckt zesummen, wat am beschte passt:
akademie@sdk.lu | 488 216 400
🏭 Visite beim Setz zu Colmar-Bierg
Si bidden Visitte vum Sëtz vun der SuperDrecksKëscht® un, déi op den Alter vun de Participanten ugepasst ginn – ab ca. 9 Joer.
D’Visite ass interaktiv an abenteuerlech, z. B. als Schatzsich fir déi Jonk.
De Flyer mat all den Infoe fannt dir am Anhang.
📚 Formatioun fir Chef:tainen
Dir wëllt als Chef:taine méi léieren iwwer nohaltegt Handelen an d’Vermeidung vun Offall am Scoutskontext?
Si bidden eng dynamesch Formatioun, déi och un d’Bedierfnesser vun de Scouten ugepasst ka ginn: „Mir soen dem Offall de Kampf un!”
Ziler:
-
Versteesdemech vu Kreeslafwirtschaft a Ressourcëschounung
-
Adaptatioun vu Scoutsprozesser fir méi Nohaltegkeet
-
Inspiratioun duerch Praxisbeispiller aus der SDK-Aarbecht
👥 Berodung fir Gruppen & Campen
Plangt dir e grousst Event oder e Camp? D’SDK bitt professionell Berodung, z. B. fir eng nohalteg Logistik a Ressourcenmanagement.
ℹ️ Infoe & Label: sdk.lu > Qualitéitslabel
🟢 Mir freeën eis, zesummen mat iech fir eng méi nohalteg Welt ze schaffen!
Fir Froen oder Kooperatioun: akademie@sdk.lu