


Den Iron Scout 2025 stoung dëst Joer ënnert dem Thema vum 2. Weltkrich an hat duerfir och déi passend Plaz zu Dikrech fonnt.
Den AG Archiven & Recherche war och mat engem Atelier vertrueden.
A klenge Gruppen hu mir de CaraPio eng puer biografesch Informatioune vu Persounen zur Verfügung gestallt, déi am 2. Weltkrich duerch hiert Verhalen an hiren Asaz de Verlaf vum Krich beaflosst hunn. Am klenge Krees hunn si sech dunn heiriwwer Gedanke gemaach a sech gefrot, wéi si dann an dëser Situatioun gehandelt/reagéiert hätten.
Zum Ofschloss vun all Atelier hu mir ons kuerz iwwert hier Gedanken ausgetosch an dunn d’Biografië vun deene Persoune virgestallt.
Fir ons als AG wor et ganz flott Erfarung, besonnesch well d’Zäit vum 2. Weltkrich eng ganz wichteg Episod vum Guidissem a Scoutissem wor, déi awer leider, well jo déi 2 Verbänn verbuede waren, wéineg dokumentéiert ass.
AG Archiven & Recherche