Open Call: CMT Member fir de World Scout Jamboree 2027 a Polen

2027 ass et nees esou wäit: De 26te World Scout Jamboree steet virun der Dier.
Des Kéier geet et a Polen an d’Géigend vun Danzeg.

Du hues Loscht mat drun ze schaffen, fir dass d’Lëtzebuerger Scouten nees un dësem Camp kennen deel huelen? Du hues Loscht de Contingent mat ze gestallten?

Da mell dech bei eis, a gëff Member vum Contingent Management Team (CMT)!

Méiglech Aufgabe wieren:
– Sekretariat
– Betreiung vun den Unitéiten
– Betreiung vun den IST’s
– Transport
– Social Media
– Medezinesch-Ënnerstëtzung
– Organisatioun vu Vir-/Noreesen
– A villes méi!

Wann dech dovunner eppes intresséiert, da mell dech bis de 15. Abrëll mat engem klenge Motivatiounsschreiwen an engem klenge Scouts-CV op hoc@wsj2027.sil.lu.

Mir freeën eis op vill motivéiert Leit,
Tahr & Charel
Hoc & Hoc-Adjoin