Léif Cheftaine, léiwe Chef,
Hues du dech fir eng Formatioun nom 1. Januar ugemellt a konnts d’Rechnung net bezuelen?
Elo ass dat rëm méiglech. De Verband huet sech am Dezember op dem extraordinäre Kongress decidéiert, eng ASBL ze ginn. Dat huet mat sech bruecht, datt de Konte vum Verband hu mussen den 31. Dezember 2024 zougemaach ginn. D’Konte vun der neier Verband Lëtzebuerger Guiden a Scouten Asbl goufe viru Kuerzem aktivéiert.
D’Verbandssekretariat wäert deemnächst d’Rechnungen, déi nach net bezuelt gi sinn, rëm mat der richtiger Kontosnummer verschécken. Wann dës Kontosnummer LU87 0021 1828 0032 0000 (al Kontosnummer!) op denger Rechnung steet, waart wgl. bis déi nei Rechnung mat der neier Kontosnummer ukënnt.
Fir weider Froen, mell dech beim Sekretariat sekretariat@lgs.lu
Chère Cheftaine, cher Chef,
T’es-tu inscrit(e) à une formation après le 1er janvier et n’as-tu pas pu payer la facture ?
C’est désormais à nouveau possible. Lors du congrès extraordinaire de décembre, l’association a décidé de devenir une ASBL. Cela a entraîné la clôture des comptes du Verband au 31 décembre 2024. Les comptes de la nouvelle association Lëtzebuerger Guiden a Scouten ASBL ont été activés récemment.
Le secrétariat renverra prochainement les factures impayées avec le bon numéro de compte. Si le numéro de compte LU87 0021 1828 0032 0000 (ancien numero de compte!) figure sur ta facture, merci d’attendre la nouvelle facture avec le nouveau numéro de compte.
Pour toute question supplémentaire, contacte le secrétariat : sekretariat@lgs.lu.
Merci fir däi Versteesdemech
Formatiounsekipp & Finanzekipp a Verbandssekretariat