De Mérite Jeunesse – Eng Rees fir dech selwer ze entwéckelen!

All Jugendlechen tëscht 14-24 Joer kann seng eege Ziler setzen a seng Fäegkeeten a véier Beräicher entwéckelen: Benevolat, Talent, Sport an Expeditioun plus e Projet résidentiel op Gold-Niveau.

Als aktive Guide/Scout hues du schonn e grousse Virsprong, well vill Aktivitéiten wéi d’Chef-Formatioun, Hikes oder Campen automatesch zielen – elo feelt just nach de Volet Sport!

Um Enn kris du e Certificat, deen international unerkannt ass, a vill Méiglechkeeten opmécht, fir däi CV ze pimpen.

Dat interesséiert dech? Da mell dech elo beim roxane.fijean@lgs.lu fir wieder Infos a fänk un deng Aventuren ze plangen!
merite.jeunesse.lu